De Premier Bal gehéiert schonn zanter 66 Joer zum traditionelle Rendez-vous, wou déi verschidden Danzschoul-Gruppen hiert Kënnen an hir Passioun weisen.

Dëse Bal, organiséiert vun der Danzschoul Mireille Roulling, ancienne Annette Kohner, ass dee Moment, wou d'Debutantskoppelen am Standard/Latäin hiren éischten Optrëtt hunn.

En Highlight ass an de leschten Joren ëmmer den Optrëtt vun der "Formation de l'école de Danse". Fir d'Evenement ofzeschléissen, sinn och ëmmer nees Profien invitéiert, déi mat hirer Show d'Spectateure begeeschteren.

Den Erléis vum "Premier Bal" ass och dëst Joer nees fir e gudden Zweck, dëst Joer ass dat d'ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt.

Den traditionelle Rendez-vous fir all d'Frënn vum Danzen
De Premier Bal gehéiert schonn zanter 66 Joer zum traditionelle Rendez-vous, wou déi verschidden Danzschoul-Gruppen hiert Kënnen an hir Passioun weisen.