Wéinst enger entsuergter Sexpopp op engem Autobunnsparking am Saarland, huet d'Police missen an den Asaz. Eng Zeien hat eng Läich gemellt.

Déi plakeg Popp mat verdréinten Äerm a Been hat en Dënschdeg den Owend op den éischte Bléck wéi eng mënschlech Läich ausgesinn. Deementspriechend hat eng Fra aus der Rheinland-Pfalz reagéiert an a Panik d'Police geruff, nodeems se déi presuméiert Läich um Parking "Freisener Kreuz" op der däitscher A62 erbléckst hat.

Nach ier d'Police op der Plaz ukomm ass, huet d'Fra zesumme mat engem Camionneur de "Mord" opgekläert.

Déi plastiks Popp gouf spéider entsuergt. Wie se um Parking deposéiert huet, ass bis ewell net gewosst.