De 15. Dezember war an der Stad nees d'Finall vum Concours ëm déi schéinste Leit aus Lëtzebuerg.

Nieft der neier Miss huet och erëm ee jonke Mann sech iwwert den Titel als Mister Luxembourg dierfe freeën. Klore Gewënner ass den 18 joer ale Schüler Owen Hawel.

Um Internet behaapt allerdéngs een aneren, hien hätt den Titel mat Heem geholl. Den Dylan Thiry war och Kandidat vum Schéinheetsconcours an huet u sech déi zweet Platz gemaach. De Comité soll him awer scho länger Zäit den Titel versprach hunn.

Duerch franséisch Sendunge wéi Koh-Lanta oder Les Princes et les Princesses de l'Amour huet sech den Dylan een Numm gemaach. Fir hien ass kloer: de Comité wollt dat notzen, fir Publicitéit ze maachen a méi Sponsoren ze kréien. Duerch säin Instagram-Post sollen déi falsch Intentiounen un d'Ëffentlechkeet kommen.

De Comité National vu Miss & Mister Luxembourg huet nom Dylan sengem Post op hirem Site e Statement ginn, fir de richtege Gewënner kloerzestellen. Op seng Virwërf soe si, den Dylan wier e Kandidat ewéi all anere gwiescht an d'Konkurrenz war einfach méi staark.

Wat genau hannert de Kulisse vun der Kompetitioun geschitt ass, wësse wuel just déi Betraffen. Mee den offizielle Mister Luxembourg ass ganz kloer den Owen Hawel.