Lescht Woch, kuerz viru Vältesdag ass hei bei RTL ee ganz besonnesche Wonsch an Erfëllung gaangen.

Eemol genee sou ewéi eng Televisiounspresentatrice geschminkt ginn. Domat gouf d'Angelika Stapelmann vun hirem Mann iwwerrascht. Dëse Wonsch hat si nämlech schonns méi laang, ma richteg ëmsetzen, war bis dohinner nach net méiglech.

Dofir ass hire Mann un RTL erugetrueden, fir zesumme mat ons den Häerzenswonsch ze erfëllen. Mir hunn hinnen d'Diere vun eisem Maquillage, wou mir all Dag verwinnt ginn, opgemaach a si bei der Ëmwandlung begleet.