Wéi de Patrick Klein um Méindenowend beim Günther Jauch um WWM-Stull sou, huet hie sech sécher selwer verflucht, datt hien net méi iwwer Lëtzebuerg wéisst.

Un der 32.000Euro-Fro ass de jonke Kölner verzweiwelt. Do ass et nämlech ëm d'Fro gaangen, wéi den aktuelle Lëtzebuerger Premier heescht. Fir eis Lëtzebuerger ware besonnesch d'Alternativen zu der richteger Äntwert amüsant, ma de Patrick Klein war sech guer net esou sécher an huet op "Trinckgeld" getippt. A well dat natierlech falsch war, ass hie mat bescheidene 500 Euro heem gefuer.

Ganz séier huet dës Nouvelle sech op de sozialen Netzwierker verbreed an och de Premier selwer huet via Facebook reagéiert.

De Patrick Klein wäert de Xavier Bettel sécher ni méi vergiessen, ënner anerem och, well den ongléckleche Kandidat eng spontan Invitatioun krut...

A well Lëtzebuerg solidaresch mat deem jonken Däitschen ass, kann een dann elo och spenden... an der Hoffnung, datt déi 31.500 Euro, déi hie verluer huet, iwwert dëse Wee zesumme kommen :)