An der Provence wunnen de Prënz Felix an d’Prinzessin Claire an op hire 50 Hektar Wéngerte produzéiere si hiren eegene Wäin: Rosé, Wäiss a Rout.

E "Château" an der Provence, 700 Quadratmeter grouss op iwwer 200 Hektar Land, matten an de Wéngerten an dozou gehéiert nach eng eegen Wäiproduktioun. Zanter der Hochzäit virun 8 Méint ass dat dat neit Doheem vum Prënz Felix an der Prinzessin Claire.
 
D'lescht Woch wor d'Press invitéiert am "Château les Crostes". Aus Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich an der Belsch si se ugereest a krute 24 Stonnen laang alles iwwert den Domaine, d'Produktioun an de Wäin erzielt. Mat vill Charme, Witz a Passioun schwätzt de Prënz Felix vun sengem Wäin.
 
An e puer Wochen kënnt iwwregens dat éischt Kand vun der jonker Prënzekoppel op d'Welt, dowéinst sinn de Prënz Félix an d'Prinzessin Claire och de Moment zu Lëtzebuerg.