E ganz perséinlechen Abléck an hiren Nationalfeierdag

Lëtzebuerg feiert an och fir eis groussherzoglech Famill ass et e groussen Dag, wahrscheinlech esouguer dee wichtegste vum ganze Joer.
Eng RTL-Kamera huet während de Festivitéite ganz exklusiv déi Ierfgroussherzoglech Koppel dierfe suivéieren.
Wéi geet et der jonk-bestueter Koppel elo, ronn annerhalleft Joer no hirer grousser Hochzäit? Ma vrun allem wéi erliewen si den neien Programm Nationalfeierdag? A wéi leeft den minutéis geplangtenen Dages-Oflaaf am groussherzoglechen Palais of?
D'RTL-Journalistin Deborah Ceccacci hat den Ierfgroussherzog Guillaume an d'Ierfgroussherzogin Stéphanie am exklusiven a ganz perséinlechen Interview.
Aus deem exklusiven Interview huet iwwregens och déi däitsch Zäitschrëft Bunte zitéiert, op hirem Internetsite bunte.de ...
