De Boris Becker ass Papp ginn. Schonn en Dënschdeg koum d'Kand an enger Klinik zu London op d'Welt.

Et ass ee klenge Jong, en ass 59 Zentimeter grouss an 3.500 Gramm schwéier. De Boris Becker an seng Fra Lilly deefen d'Kand op de Numm Amadeus Benedict Edley Luis. De fréieren Tennisprofi huet schon dräi Kanner, zwee Jongen an ee Meedchen.