96% vun de Fransousen hunn en Handy. Dat kléngt eigentlech no vill, mä Frankräich ass domat op der leschter Plaz vun der Europäescher Unioun.

Déi meescht Länner hunn nämlech een Taux, deen iwwer 100% läit.

D'Moyenne an der EU läit bei 119%. Et hunn also vill Leit op mannst 2 Handyen.

Weltmeeschter ass Italien, mat 153%.