De britesche Moudedesigner Alexander McQueen huet sech d'lescht Woch an senger Wunneng zu London erhaangen an ass erstéckt.

Dat huet haut den zoustännege Geriichtsmedeziner bekannt gemaach. Suspekt Ëmstänn géifen et keng ginn. Wéi et weider heescht, hätt dee 40 Joer alen Alexander McQueen och ee Bréif hannerlooss. Iwwert säi Contenue gouf awer näischt gesot. E puer Deeg viru sengem Doud hat hie via Internet seng Trauer iwwert den Doud vu senger Mamm, déi e puer Deeg virdru gestuerwe wor, zum Ausdrock bruecht.