D'Jil Waxweiler konnt mat hirer Back-Konscht iwwerzeegen a gewënnt e Mëttwoch den Owend d'Finale vun der Emissioun "Das große Backen".

D'Jil Waxweiler vun Huldang war net onbedéngt als Favoritin an d'Finale gaangen, an där sech um Mëttwoch den Owend 4 Leit géigeniwwer stoungen, ma um Enn war et d'Lëtzebuergerin, déi am meeschte bei der Bak-Show op der däitscher Tëlee iwwerzeege konnt. Si wënnt nieft den 10'000 Euro Präisgeld och nach d'Méiglechkeet en eegent Bakbuch op de Marché ze bréngen.

D'Jil Waxweiler ass jo, no hire sympatheschen Optrëtter op Sat.1, och nominéiert gi vun de User vun RTL.lu als Kandidatin bei der Wiel vun der Lëtzebuergerin vum Joer!