Während fënnef Méint hu Fraen a Männer aus der ganzer Welt am Internet zesummen Trivial Pursuit gespillt. A gewonnen hunn d'Fraen.

Et goufen iwwer 15 Millioune Froen an 9 verschiddene Sprooche gestallt. Zum Schluss haten d'Fraen d'Nues vir. Si haten op 4 Milliounen 88.139 Froen eng richteg Äntwert ginn.

D'Männer lounge knapp hannendrun mat 4 Milliounen a 77.596 richtegen Äntwerten. Während deene 5 Méint loungen ofwiesselnt d'Fraen an dann nees d'Männer vir. Um Enn hunn sech déi männlech Kandidaten dunn awer musse geschloe ginn.