Déi nei Télé fir d'Web-Generatioun - mat deem Slogan huet den Eldoradio um Mëttwoch säin neitste Projet lancéiert: Eldo.tv, déi kleng Schwëster vun RTL.

"Eldo.tv by eveant" ass eng nei Plattform mat neiem Contenu fir déi nei Generatioun. Online, dat heescht op www.eldo.tv, fënnt een hei Videobäiträg, déi virun allem ëm d'Sujeten Aktualitéit, Kultur an Nuetsliewen dréinen.

Kommunautéit an Interaktivitéit gi bei Eldo.tv grouss geschriwwen. A fir datt d'Leit sech an deem neien Univers vun Online-Télé-Clippen och gutt erëm fannen, ginn et eng Partie regelméisseg Emissiounen, déi liicht duerch hire Stil z'identifizéiere sinn:

- NEWZ
E Wochemagazin, dee mat e bëssi Recul a vill Ironie op d'Aktualitéit kuckt. Contributioune vun de Spectateure gehéiere fest zum Konzept.

- Agenda
Och e Wochemagazin, mat sozialem an interactivem Charakter. Agenda informéiert iwwert Evenementer, déi eriwwer sinn, an Evenementer, déi eréischt kommen. Proposen a Commentairë vun de Spectateure si wëllkomm.

- Profile
All zwou Woche ginn hei Personnalitéiten aus der lokaler Konscht-, Kultur- a Party-Zeen virgestallt. Si ginn heibäi an eng informell Dikussioun mam Presentateur verwéckelt. All Emissioun gëtt op enger Plaz gedréit, déi dem naturell vum Artist entsprécht.

- Go!
Den Numm ass Programm: D'Nuetsliewen an d'Musekszeen stinn hei am Mëttelpunkt. Mat Evenementer, Musekgruppen, Lieux de rencontre an Impressiounen an Andréck vun de Leit. Duerch d'Interactioun mam Public geet de Presentateur hei quasi an dëser Communautéit op.

"Weider Emissiounen", esou de Christophe Goossens, "sinn ewell an der Virbereedung." Mat Eldo.tv wëll den Direkter vun Eldoradio d'Internetpräsenz vu senger Statioun, déi all Dag ronn 80.000 Nolauschterer huet, ausbauen an eng spezifesch Télé fir déi jonk Generatioun offréieren. Produzéiert ginn d'Baiträg vun der Multimedia-Firma empowebo.com, déi virdru fir d'Video-Plattform "eveant" zoustänneg war.

D'Web-Télé Eldo.tv kann een iwwregens um Computer oder um Handy kucken - also wou a wéini ee wëll!

Am Wocherhythmus gëtt Eldo.tv och op der Télé vun der Post diffuséiert.