Als Vampir Emmett Cullen war de Kellan Lutz scho flott unzekucken. Ween déi nei Calvin Klein Kampagne gesinn huet, gëtt dann awer richteg schwaach.

Do denkt een dach direkt un déi verdammt sexy Emporio-Armani-Kampagne mam David Beckham oder net? De Kellan Lutz huet allerdéngs eréischt 25 Joer a scho verdammt vill Succès - un éischter Stell natierlech beim weibleche Publikum.

Et ass iwweregens fir d'éischt Kéier datt 4 Männer zur gläicher Zäit an enger Kampagne vu Calvin Klein sinn. An déi aner 4 Kandidate kënne sech natierlech och weise loossen: Den "Desperate Housewives" Schauspiller Mehcad Brooks, de spueneschen Tennisspiller Fernando Verdasco an de japaneschen Ex-Fussballer Hidetoshi Nakata.