BGL BNP Paribas bitt elo de "Mobile Banking" un, mat deem een mat de gängege Smartphones zu Lëtzebuerg einfach Online-Banking Operatiounen maache kann.

Sou kann een da mat sengem Smartphone säi Kontostand kucken, eng Iwwerweisung maachen oder eng Simulatioun vun engem Prêt duerchrechnen.

D'Mobile Banking Offer vu BGL BNP Paribas ass mat LuxTrust kompatibel.

Mat der Solutioun "CashPoints", enger gratis iPhone-Applikatioun, kann een och deen noste Bankomat fannen.