De Premier Xavier Bettel a säi Partner, den Architekt Gauthier Destenay, goufen e Freideg de Mëtteg op der Stater Gemeng bestuet.

Et war eng privat Zeremonie an awer war se vun ëffentlechen Interessi, och déi auslännesch Press hat sech derfir interesséiert ...

Zanter 2010 sinn déi zwee gepacst, zanter dem leschte Joer verlobt an elo dann och bestuet.

VIDEO: All Guddes fir Är Hochzäit!
All Guddes fir Är Hochzäit!

Déi auslännesch Press ronderëm d'Welt interesséiert sech wéi gesot och staark fir dat Evenement. E Regierungschef, dee sech mat sengem gläichgeschlechtleche Partner bestit, ass nach näischt Alldeegleches.

VIDEO: Internationalen Interessi un der Hochzäit vum Premier
Bannent der EU ass et eng Première, dass e Regierungschef säi gläichgeschlechtleche Partner bestit. Deemno war och den Interessi vun auslännesche Medie grouss.

An der EU ass et iwwregens eng Première: Et ass déi éischt gläichgeschlechtlech Hochzäit vun engem Regierungschef.

No der Hochzäit op der Gemeng war e Point-Photo fir d'Press. Nächst Etapp: de Cercle, mat ëm déi 500 Invitéen.

Archivbild / © AFP

D'Iessen ass e Samschdeg an der Gäichel an e Sonndeg wier dann nach e Brunch, sou Informatiounen aus der internationaler Press.

Ënnert den Invitéë war och vill Prominenz, ënnert anerem de belsche Premier Charles Michel an de Premier vun Estland, Taavi Roivas, de Royal-Expert Stéphane Bern an och vill Lëtzebuerger Polit-Prominenz an eng Partie Regierungsmemberen.

Eng Hochzäitsrees gëtt et iwwregens net fir d'Koppel. Si mussen d'nächst Woch nees direkt hire beruffleche Verflichtunge nogoen, de Xavier Bettel ass op engem Wirtschaftsforum am Kasachstan.

Archivbild / © René Scho