D'Gerüchter ëm déi 2 Haapt-Acteuren aus den Twilight-Filmer hällt net op. Si se zesummen oder net? E Frënd vum Pattinson huet elo brisant Neiegkeeten.

De gudde Frënd vum Robert Pattinson huet enger amerikanescher Zeitung gezelt, datt de Frae-Schwarm an d'Kristen Stewart schrecklech verléift wären. Si wäre firenee bestëmmt.
An de Rob soll d'Kristen esouguer scho gefrot hu fir ze bestueden - an dat méi wéi eng Kéier.

Interessant un der Geschicht ass, datt "Bella" kierzlech an engem Interview gesot huet, de Rob hätt hatt wierklech gefot, mee dat wär nëmmen am Geck gewierscht.

Do kann ee gespaant sinn, wat nach no kënnt.

Den 3. Deel vun der Vampirsaga leeft am Summer bei eis an de Kinoen un.