Dës Nouvelle konnt déi ganz Twitter-Community um Michael Lohan, dem Lindsay sengem Papp, sengem Profil liesen.

Am Alter vu 17 Joer soll d'Schauspillerin eng Affär mam Placke-Chef Tony Mottola gehat a sech dobäi mam Virus ugestach hunn.

An Tëschenzäit ass awer gewosst, datt näischt un dësem Gerücht drun ass.

Firwat schreift de Michael Lohan esou eppes iwwer seng Duechter? Schonn an der Vergaangenheet hat hie probéiert duerch zweifelhaft Geschichten iwwer d'Lindsay Opmierksamkeet an der Press ze kréien.

Dës Kéier allerdéngs bestreit hien eppes mat der Saach ze dinn ze hunn. Et hätt en Hacker säi Passwuert erausfonnt a sech esou a säin Twitter-Profil agelogged.

D'Lindsay Lohan ass an der Vergaangenheet sécher keeng Engelche gewierscht, mee esou Gerüchter sinn a bleiwe vulgär an iwwerflësseg.