Wéi elo bekannt ginn ass, erwaarden d'Spuenierin an hire Mann, de Javier Bardem, hiert éischt Kand.

D'Koppel war bei Frënn invitéiert an do soll d'Schauspillerin iwwert hir Schangerschaft geschwat hunn. Eng Frëndin vum Penélope huet no der gemittlecher Soirée Fotoe vum Owend op hire Facebook-Profil gepost an zousätzlech dee séisse Secret verroden.

Vun offizieller Säit ass zwar nach näischt konfirméiert, mee éiweg loosse sech esou Schwangerschafte jo net verheemlechen...