Fir den nächste Playboy brauch een e Brëll. D'Playmate an der Mëtt vum Magazin ass dann nämlech an 3D.

Et soll een d'Gefill hunn, dass d'Model all Moment aus der Foto klëmmt, sou eng Spriecherin. Den 3D-Brëll ass am Präis mat dran.

De Hugh Heffner ass begeeschtert. Hie wollt vum éischte Playboy un mat 3 dimensionale Fotoe schaffen, hat awer keng Sue fir souvill Brëller ze bezuelen, sot hien an engem Interview.

Et ass wuel éischter ee Marketing-Gag, d'Zuel vun de Ventë geet nämlech konstant erof. Am Oktober ziort hat de Magazin scho fir Gespréich gesuergt, mam Marge Simpson als Playmate.