Dat franséischt Topmodel soll vergaangene Weekend probéiert hu sech mat engem Alkohol- a Medikamente-Cocktail ëmzebréngen.

Um fréie Sonndeg-Nomëtte huet d'Noémie Lenoir an der Wunneng vu sengem Frënd, dem Fussballer Claude Makelele, en déidleche Cocktail zou sech geholl hunn. Kuerz drop, soll hatt selwer den Noutruff gewielt hunn. Nëmmen e puer Minutte méi spéit huet d'Franséisin den Alarme annuléiert an huet sech zu Fouss au dem Haus gemaach.

An engem Bësch huet de Cocktail dunn ugefaange mat wierken an d'Topmodel ass zesumme gaangen. E Passant huet hatt bewosstlos fonnt an eng Ambulanz geruff.

Zur Zäit ass d'Noémie Lenoir zwar nach an der Klinik, mee net méi a Liewensgefor.

Richteg bekannt ass d'Noémie duerch seng Roll als Schauspillerin an de Filmer "Astérix & Obélix - Mission Cléopâtre" (2001) a "Rush Hour 3" (2007) ginn.