D'Jessica Watson aus Australien huet et gepackt: Mat hire 16 Joer ass si elo déi jéngste "Weltëmseeglerin".

[rating]D'Jessica Watson ass um Samschdeg no genee 210 Deeg alleng op de grousse Weltmieren nees zu Sydney gesond ukomm.

Déi jonk Australien huet d'Welt op hirer pinker Yacht ouni Ënnerbriechung an ouni Hëllef ëmseegelt.

Déi australesch Autoritéiten haten ëmsoss probéiert, d'Meedchen vun der geplangtener Weltrees ofzehalen.