Apéro géant: Zu Le Mans hu sech um Samschdeg eng 500 Jonker fir ee risegen Apéro zesummefonnt, deen iwwer d'Sozialnetzwierk Facebook organiséiert gi war.

[rating]Dëse Phänomen war an d'Kritik geroden, nodeems virun e puer Deeg e Jonken zu Nantes, och a Frankräich, an der Mass vun de Leit ëm d'Liewe komm war.

Déi franséisch Autoritéite wëssen net esou richteg, wéi se op dës spontan Massenevenementer, bei deenen och ëmmer vill Alkohol konsuméiert gëtt, reagéiere sollen a kënnen.

D'Regierung huet d'Leit, déi matmaachen, opgeruff opzepassen. Sou een "Apéro géant" wier am Fong een illegaalt Massenevenement, dat nëmme schwéier kontrolléiert ka ginn.