Kuerz viru Chrëschtdag ass déi traureg Nouvelle komm, datt d'Actrice Brittany Murphy verstuewen ass. 5 Méint dono stierft och hire Mann.

Den 39jähregen Dréibuch-Auteur Simon Monjack ass um Päischtméinden dout a sengem Haus opfonnt ginn. Wéi den Noutdéngscht an den Dokter bis op der Plaz war, konnte si nëmmen nach den Dout vum gebiertegen Englänner feststellen.

Obwuel nach keng Doudesursaach bis elo bekannt ass, huet e Spriecher vun der Police vu Los Angeles matgedeelt, datt et sech awer wahrscheinlech ëm en natierlechen Dout handelt.