D'Lëtzebuerger Famill Lechat, sou schreift d'"Gazet van Antwerpen" um Freideg, huet déi längsten Auster vun der Welt an Naturpark bei Knokke fonnt.

D'Exemplar ass 38 Zentimter laang a 25 Joer al. Dat heescht, si ass 2,5 Zentimeter méi grouss wéi den aktuelle Weltrekord.