No Aussoe bei Maischberger
Til Schweiger wéinst Volksverhetzung am Fokus vum Parquet

© AFP
Sou wéi d'Hamburger Abendblatt mellt, huet e Rechtswëssenschaftler aus Münster eng Plainte géint den Til Schweiger wéinst Volksverhetzung gemaach.
Grond fir d'Plainte sinn d'Aussoe vum Til Schweiger bei der Sendung "Menschen bei Maischberger". Hei hat hien Demonstranten, déi am Freital géint e Flüchtlingsheem protestéiert hunn, extrem haart kritiséiert.
Well et bei der Volksverhetzung an Däitschland ëm en "Offizialdelikt" handelt, muss de Parquet bei enger Plainte ermëttelen, och wann et wéineg Aussiicht gëtt, datt d'Plainte bis viru Geriicht kënnt. Well d'Sendung zu Köln opgeholl gouf, bekëmmert sech de Parquet aus der Rhäinmetropol ëm de Fall.
Am meeschte gelies