Mat enger Policemeldung huet d'Aktioun ugefaangen. Elo ass et esou, datt et scho musikalesch Reaktiounen op de "Rap-Video" ginn.

Alles hat ugefaange mat enger Meldung vun der Police. Beamte waren op de Belval geruff ginn, well hei jonk Leit mat Waffe gesi goufen. Dobäi huet et sech erausgestallt, datt déi Waffen net echt waren an eng Grupp vu Leit hei amgaang war, e Rap-Video ze dréinen.

Den 1. November dunn koum dunn dem Bandana säi Video "Squad" eraus, dee fir vill Schmunzelen an Diskussiounen an de sozialen an traditionelle Medie gesuergt huet an et awer och fäerdeg bruecht huet, fir iwwer 128.500 Mol op Youtube gekuckt ze ginn (Stand den 10. November 2015 géint 14.40 Auer).

Vill vun den Diskussioune sinn drëms gaang, datt een de jonke Kënschtler aus dem Minette net gutt versteet. An dorobber kommen och zwee nei Videoen, déi een op Youtube ka kucken, zeréck.

De 4. November koum den éischten "Ban[D]ana |DISS|" vum Youtube-User Jerry Kane eraus. Hie schreift selwer an der Beschreiwung, datt de Video wuel en Diss ass, mä hie keng Persoun oder de Bandana selwer wéilt ugräifen. "Et ass just eng kënschtleresch Reaktioun op eng aner kënschtleresch Aarbecht". Am Video gëtt souwuel dem Bandana seng Aussprooch, wéi och säi Optrieden als "möchtegern Rapper" a Gangster kritiséiert.

An engem Interview mam L'Essentiel huet de Bandana dunn en eegenen Diss annoncéiert, dëst géint den Eldoradio-Mataarbechter Ben Olinger, dee sech méi wéi ee Spaass mam "Gangsta Rapper" aus dem Minette um Facebook erlaabt huet.

Ma éier de Bandana awer zu sengem Diss koum, ass den 9. November vum Youtube-User Marc Garcon e weideren Diss op de Rapper opgetaucht. An engem Video aus enger Schlofkummer gesäit een de jonke Kënschtler, dee sech am senge Litt iwwer de Bandana, natierlech seng Aussprooch a säin Optrieden, awer och iwwer déi ganz Lëtzebuerger Rap-Zeen opreegt an hinne seet, wou si senger Meenung no stinn.

An de Marc Garcon weess och, wou déi iwwer 100.000 Klicks op Youtube hierkommen: "Si maachen de Geck mat dir an dowéinst gi si drop" an "Et ass just esou schnell eraus komm, wéinst dem RTL an L'Essentiel" heescht et hei am Video.

Elo huet sech awer nach een aneren Rap-Kënschtler zu Wuert gemellt, deen als Reaktioun vun deem ganze "Bandana-Squad", wéi den Tommek selwer schreift, spontan e Lidd opgeholl huet. Et handelt sech hei awer net ëm een Diss, mä soll éischter den Leit dobaussen d'Aen opmaachen, wisou déi ganz Geschicht nach ëmmer sou opgebauscht gëtt.