Mat engem Concert an der Philharmonie gouf um Samschdeg offiziell d'95 Joer vum Grand-Duc Jean gefeiert.

Déi ganz groussherzoglech Famill, d'Kanner, d'Enkel an d'Urenkel, vill royal Gäscht, dorënner déi hollännesch Kinnigin Beatrix an déi spuenesch Kinnigin Sofia an déi belsch Kinnekskoppel, souwéi eng ganz Partie Vertrieder aus dem europäeschen Adel an aus dem Vollek hate sech e Samschdeg den Owend Rendezvous an der Philharmonie ginn, wou mat engem Concert dem Grand-Duc Jean säi 95. Gebuertsdag gefeiert gouf. Um Programm stoung nieft Stécker vu Beethoven, Strauss an Tschaïkovski awer och eng grouss Iwwerraschung fir de Grand-Duc Jean, dee 36 Joer laang un der Spëtzt vum Land stoung. E puer Museker vun den Irish Guards - deene sech de Grand-Duc am Zweete Weltkrich ugeschloss hat, fir géint d'Nazien ze kämpfen – woren an d'Philharmonie komm, fir traditionell mat Dudelsäck den Happy Birthday ze spillen.

AUDIO: D'Irish Guards spillen Happy Birthday

Ee ganz spezielle Moment, wéi iwwerhaapt dee ganzen Owend, mat villen emotionalen Héichpunkten. De Concert gouf net nëmme vum Public als „super schéin, emotional an waarmhäerzeg“ beschriwwen, mä och déi Groussherzoglech Famill wor vum Owend ganz beandrockt.

AUDIO: De Prënz Félix iwwert d'Soirée

Mam traditionelle Gebuertsdagskuch goung d'Feier op een Enn.

Dee ronne Gebuertsdag vum viregte Staatschef war schonn en Dënschden.

VIDEO: 95 Joer vum Grand-Duc Jean: Offiziell Feier
Um Samschdeg Owend wor an der Philharmonie e Concert zu Eieren vum Grand-Duc Jean. Eng Feier fir seng 95 Joer mat villen emotionalen Héichpunkten.

De Fils vun der Grande-Duchesse Charlotte a vum Prënz Félix stoung vum November 1964 bis den Oktober 2000 un der Spëtzt vum Land, ier hien zu Gonschte vum Grand-Duc Henri ofgedankt huet. Hie war vun 1953 bis zu hirem Doud 2005 mam Joséphine Charlotte de Belgique bestuet.

De Grand-Duc Jean huet 5 Kanner, 22 Enkelkanner a 7 Urenkelen:.

D'Marie Astrid (1954) ass bestuet mam Archiduc Carl Christian de Habsbourg-Lorraine. Si hu 5 Kanner: Marie Christine (1983), Imre (1985), Christoph (1988), Alexander (1990), Gabriella (1994)
D'Marie Christine ass mam Comte Rodolphe de Limburg-Stirum bestuet. Hir Kanner heeschen: Léopold (2011) a Constantin (2013)
Den Imre a seng Fra Kathleen Walker hunn e Meedechen: Maria Stella (2013)
De Christoph a seng Fra Adelaïde Drapé-Frisch hunn e klengt Katarina (2014)

Eise Grand-Duc Henri (1955) a seng Fra Maria Teresa Mestre hunn och 5 Kanner: Guillaume (1981), Félix (1984), Louis (1986), Alexandra (1991) a Sébastien (1992).
De Louis ass mam Tessy Anthony bestuet. Si hunn 2 Bouwen: Gabriel (2006) an Noah (2007).
Den Ierfgroussherzog huet d'Comtesse Stéphanie de Lannoy am Oktober 2012 bestuet. De Félix a seng Fra Claire Lademacher hunn e klengt Amalia (2014).

De Jean (1957) a seng éischt Fra Hélène Vestur hu 4 Kanner Marie-Gabrielle (1986), Constantin (1988), Wenceslas (1990) a Carl Johann (1992). De Jean huet sech 2009 mam Diane de Guerre nei bestuet.

Dem Jean seng Zwillingsschwëster Margaretha (1957) huet de Prince Nicolas de Liechtenstein bestuet. Hei koume 4 Kanner op d'Welt: Léopold Emmanuel (1984 +), Marie Annunciata (1985), Marie Astrid (1987) a Josef Emmanuel (1989)

De jéngste Fils vum Grand-Duc Jean, de Guillaume (1963) a seng Fra Sibilla Weiller hunn och 4 Kanner: Paul-Louis (1998), Léopold (2000), Charlotte (2000) a Jean (2004)

Beim Concert um Samschdeg den Owend, wäerten se, ausser déi 5 ganz kleng, all derbäi sinn. Nieft hinnen awer och vill Membere vun aneren Adelsfamillen aus Europa.

RTL

© René Scho

Hei déi komplett Lëscht vun den Éieregäscht:

Premier Ministre Xavier Bettel
Lucien Weiler, Maréchal de la Cour

Grand-Duc Henri
Grande-Duchesse Maria Teresa
Grand-Duc Héritier Guillaume
Grande-Duchesse Héritière Stéphanie
Prince Félix
Princesse Claire
Prince Louis
Princesse Tessy
Prince Gabriel de Nassau
Prince Noah de Nassau
Princesse Alexandra
Prince Sébastien
Archiduc Christian d'Autriche
Archiduchesse Marie-Astrid d'Autriche
Archiduchesse Marie-Christine d'Autriche
Comte Rodolphe de Limburg-Stirum
Archiduc Imre d'Autriche
Archiduchesse Kathleen d'Autriche
Archiduc Christoph d'Autriche
Archiduchesse Adelaïde d'Autriche
Archiduc Alexander d'Autriche
Archiduchesse Gabriella d'Autriche
Prince Nicolas de Liechtenstein
Princesse Margaretha de Liechtenstein
Princesse Maria-Annunciata de Liechtenstein
Princesse Astrid de Liechtenstein
Prince Joseph-Emmanuel de Liechtenstein
Prince Jean de Nassau
Comtesse Diane de Nassau
Princesse Marie Gabrielle de Nassau
Prince Carl Johann de Nassau
Prince Constantin de Nassau
Prince Wenceslas de Nassau
Prince Guillaume
Princesse Sibilla
Prince Paul-Louis de Nassau
Princesse Charlotte de Nassau
Prince Léopold de Nassau
Prince Jean de Nassau
Princesse Anne de Ligne
Chevalier Charles de Fabribeckers de Cortils et Grâce
Comtesse Antonia de Holstein-Ledreborg
Le Dr et Madame John H. Fruchaud
Archiduchesse Anna-Gabriella d'Autriche
Archiduchesse Catherina d'Autriche
Prince Hassan de Jordanie
Princesse Sarvath de Jordanie
Roi Constantin de Grèce
Reine Anne-Marie de Grèce
Reine Sofia d'Espagne
Princesse Irène de Grèce
Princesse Beatrix des Pays-Bas
Roi Philippe de Belgique
Reine Mathilde de Belgique

RTL

© René Scho