Méi iwwer d'Receptioun en Dënschdeg den Owend op RTL Télé Lëtzebuerg.

Fir de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse ass d'Neijoersreceptioun eng vu ville Geleeënheeten, fir interessant Gespréicher zu nationalen an internationalen Themen.

Fir de Lucien Weiler war et déi éischt Receptioun um Haff a senger Funktioun als Maréchal de la Cour. Hien ass besonnesch beandrockt vun der ierfgroussherzoglecher Koppel.

AUDIO: Extrait Lucien Weiler

Den Ierfgroussherzog Guillaume ass e jonke, spontane Prënz, deen opgeschloss ass a gären op d'Leit duer geet an diskutéiert a laacht gären. Fir den neie Maréchal ass et ganz angenehm, mat him ze schaffen. Déi Dossieren, déi de Ierfgroussherzog traitéiere muss, wann et mat enger Lëtzebuerger Delegatioun an d'Ausland geet, déi kennt hien ëmmer mat Perfektioun, sou de Lucien Weiler weider.

VIDEO: Neijooschsreceptioun am Palais
Et gouf zesumme mat Regierung a Chamber op dat neit Joer ugestouss a gläichzäiteg wor et och ee vun den éischte Rendez-vousen vum neien Hofmarschall.

D'Ierfgroussherzogin Stéphanie bestécht duerch hier Intelligenz. An der Diskussioun mat hir mierkt een och, datt si e grousse Charme huet, deen d'Leit, déi mat hir schwätzen, anhëlt. Iwwerrascht war den neie Maréchal, wéi eng Kenntnis d'Ierfgroussherzogin Stéphanie schonn iwwer Lëtzebuerg an d'Awunner vum Land gewonnen huet.