Op Vältesdag huet RTL Télé Lëtzebuerg Iech en Documentaire mat engem exklusiven Abléck an d'Liewe vun eiser groussherzoglecher Famill presentéiert.

Wéi gesäit den Alldag hannert den Diere vum groussherzogleche Palais aus? Wat fir eng Rollen hunn déi eenzel Membere vun der groussherzoglecher Famill? Wéi gesäit hiert deeglecht Liewen aus a wéi sinn si ganz privat?

Eng RTL-Equipe krut ganz exklusiv Ablécker an huet déi groussherzoglech Famill ee Joer laang begleet a mat hinnen iwwert hiert Liewen, hir Relatiounen an hir Engagementer geschwat. Vun de Kulissen vum Palais, dem Liewen zu Bierg, de groussen Evenementer a Visiten, bis hin zu exklusive Famillje-Momenter.

"KINNEKSKANNER – Ee Joer am Liewe vun der groussherzoglecher Famill", en eemolegt Zäit-Dokument vum Deborah Ceccacci, Marc Aragones an Dominique Da Silva.

Nom Rendez-Vous de 14. Februar um 18.15 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg elo am Replay op RTL.lu.

AUDIO: "Kinnekskanner" de Radioreportage

Um Méindeg den Owend koum RTL Télé Lëtzebuerg dann nach emol op den Documentaire zréck an der Emissioun "Top Thema Magazin" mat engem Bléck hannert de Kulissen vun der Realisatioun vun esou engem Documentaire.