Nationalfeierdag ass e ganz speziellen Dag fir déi groussherzoglech Famill. Dëst Joer ware si alleguer am Land fir zesummen ze feieren.

Wéi erliewen de Grand-Duc, d'Grande-Duchesse an hir Kanner dësen Dag? Wou sinn d'Prënzekanner den Ament drun? En Deel vun hinne lieft jo am Ausland, sou datt d'Lëtzebuerger si leider net dacks ze gesi kréien. Eng Equipe vum Top Thema Magazin huet si begleet a krut fir déi éischt Kéier e ganz exklusiven Interview vun der Prinzessin Alexandra.