E Sonndeg, den 2. Oktober, gouf dem Alexandre, deen u Leukemie erkrankt ass, säi gréisste Wonsch erfëllt ...

De klengen Alexandre, dee mat Leukemie ze kämpfen huet, wollt onbedéngt ee Superheld sinn! An d'Vereenegung "Make-A-Wish Luxembourg" huet him deen Dram elo erfëllt. Hien huet dierfen als Superheld géint den Joker kämpfen.

E Sonndeg, den 2. Oktober, um 13.45 Auer war Rendez-vous op der Place Clairefontaine an der Stad, wou de Béifchen zesumme mat der Police dee berühmte Kidnapper "Joker" fänke sollt.

Geplangt war eng Poursuite duerch d'Stad, bis den Alexandre den "Joker" da géint 15.15 Auer beim ING-Gebai an der Route d'Esch stelle konnt.

Nieft Police hu sech och d'Rettungsdéngschter an d'Cour Grand-Ducale un der Aktioun bedeelegt.

Weider Informatiounen zu dëser Aktioun fannt Dir op www.make-a-wish.lu

VIDEO: Reportage: een Dag laang Superheld!
Den Alex wollt emmer schonmol e Superheld sinn.