E Freideg op der Gemeng an e Samschdeg an der Kierch: D'Carole Dieschbourg an de Claude Hansen hu sech de Weekend bestuet.

Zu Iechternach an der Basilika hu sech déi verléifte Koppel d'Jo-Wuert ginn, dat virun den Aen vun hire Frënn an hirer Famill.

Mir gratuléieren der Koppel a wënschen der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an hirem Mann Claude Hansen nëmmen dat Bescht an hirer gemeinsamer Zukunft.