Zënter 2014, ass de Rosport Life déi Lëtzebuerger Plattform fir jiddereen dee gäre schreift, an d'Lieser gären mat sengen Aventuren, Interessien, Hobbyen, ... inspiréiert!

Déi Leit déi hir Artikele deele sinn deemno d’Haaptacteure vum Projet. Jidderee vun hinne mécht dat op seng ganz perséinlech Aart a Weis esou dass d’Artikelen net just an den Theme variéieren, mee och am Toun an an de Biller. Zil ass et d'Lieser mat neien Iddien, Erliefnisser, Wëssen a Meenungen z'inspiréieren an och deels zum Iwwerleeën ze bréngen.

De Projet gouf vu Sources Rosport an d'Liewe geruff fir jidderengem d'Chance ze ginn intressant an authentesch Artikelen un ee méi grousse Public ze bréngen. Am Summer 2019 ass de Blog an engem neien Design frësch lancéiert ginn. Vill Spaass beim Liesen!

PS Wann och Dir Interessi hutt Artikelen ze schreiwen, da mellt Iech via Mail op contact@rosport.com oder via Message op eiser Facebook Säit.

Weider op rosportlife.com