Halli, hallo ...
Ech muss zouginn, wärend all deene Feierdeeg war et relativ einfach artistesch Inspiratioun ze fanne. Elo souz ech awer e bemol do a wa onsécher wat molen. Dat war bis eisen zweejärege mat guddem Rot koum: " Pi-Boui." A senger Sprooch ass dat e Pinguin an u eigentlech jo guer keng schlecht Iddi; d'Temperature stemme jo op alle Fall nach."

An dowéinst elo, hei, zwou relativ einfach Aart a Weise vir e Pinguin ze zeechnen.

Pinguin 1:

1. Vir t'éischt zeechne mer e Krees.

2. Ongeféier 1/4 vum Krees erof, setze mer dann eng der Längt no, oval Form un. De ganzen ënneschten 3/4 vum Krees sollt dodra passen.

3. Ënnendrënner kënnt e weidert Oval vir de Bauch. Vir dat de Kapp duerno och fest op de Schëllere setzt, sollt och dës Form an déi zwou iewescht sech iwwerschneiden.

4. Als nächst sinn d'Flilleken drun. Déi sollten e bëssen ënner dem ieweschten Oval usetzen, ongeféier do wou eise Pinguin seng Schëlleren huet. (Eppes, dat ech extra gegoogelt hunn. Jo, Pinguinen hunn effektiv Schëlleren. Si hu souguer, trotz dem markante Watschelen, Knéien.) E Stréch am ënneschten Drëttel vum Flillek wéisst den ieweschten an ënneschten Deel, deen duerno a méi enger heller Faarf gemoolt gëtt, un.

5. Als nächst kritt en da Féiss, dat ass zimlech einfach.  E Fouss e bësse wéi eng Floss, dräi Welle vier bei den Zéiwen, dann ass dat och scho gemach!

6. Am sechste Schrëtt zeechne mer dem Pinguin säi wäisse Bauch an, an deem mer d'Form vu sengem Kierper am e bësse méi klengen nozeechnen. Dës Form bleift ënnen op.
Am Krees vum Kapp zeechne mer en opgeronnten Dräieck dat vum Schniewel ënnerbrach gëtt éier et a senger drëtter Spëtz kann zesummelafen. Och vir de Schniewel kann ee sech un engem Dräieck orientéieren, an dat Ganzt dann e bësse méi douce a ronn ausschaffen.

7. Da maache mer d'Hëllefslinnen ewech, esou dat nëmmen déi baussecht Form iwwreg bleift, an natierlech déi Strécher, déi mer gewollt agezeechent hunn well se Deel vum Bild sinn, wéi de Bauch, Schniewel,...

8. Elo huele mer e schwaarzen (Dier kënnt natierlech och eng aner Faarf huelen) Stëft an zeechnen eis Outlines no. Wann d'Tënt ganz gedréchent ass, kenne mer d'Skizz ënnendrënner virsiichteg ewech maachen. Ech hu sengem Schniewel nach en ënneschten Deel ginn wëll säi Gesicht iejentwei esou eidel war.

9. Zum Schluss kann ee säi Meeschterwierk dann nach faarweg molen an em en Hannergrond ginn. Heivir sinn ech bei kille Faarwe bliwwen an hunn typesch Saache geholl déi ee mat Keelt verbënnt. Aner Iddie wiere vläicht eng kleng Landschaft, e puer Kollegen oder en Äisbierg. Mäi Pinguin krut och nach e Puer rout Bäckelcher.

Dat ass eisen éischte Pinguin. 

Pinguin 2:
Bei der zweeter Method gëtt alles nach eng Kéier e bësse méi einfach an, menger Meenung no, och nach eng Grëtz méi knuddeleg. Fannt Si elo um Rosport Life.