Ech sinn d’Tanja a wunnen am Süde vun eisem klenge Ländchen. Ech reese fir mäin Liewe gär a schonn als klengt Kand war ech zimmlech reesbegeeschtert a war ëmmer frou wann et geheescht huet dass mir an d’Vakanz fueren. Mee virun allem déi lescht Joren huet sech deen Drang d’Welt ze entdecken nach méi staark ausgebreet. Am léifste verreesen ech mam Rucksak, a buchen net méi wei de Vol an déi éischt Nuecht am Hotel.

Genau déi Aart ze verreese bedeit awer och sech extrem vill am viraus ze Informéieren, gutt Kenntnisser iwwert dat Land ze hunn an ze wësse wat ee sur place erwaart, vu dass ee kee "rundum Package" huet wou een sech em näischt këmmere muss. Ofgesi vum Reese ginn ech och nach ganz gär trëppelen, respektiv wanderen, virun allem och bei eis an der Géigend, well een net ëmmer weit muss fort goe fir flott Platzen ze entdecken. 2017 hunn ech fir déi éischte kéier bei den 20km vun der Marche internationale de Diekirch deel geholl a probéiere säit deem all Joer deel ze huelen.

Klickt hei, fir op  dem Tanja säi Blog ze goen.


Entdeckt d’Schéinheet vu Montenegro

Wéi ech mech entscheet hu mat mengem Papp an de Montenegro ze reesen, krut ech vu ganz vill Leit gesot dass Sie selwer nimools an deen Deel vun Europa géife reesen. Lo wou ech zeréck sinn, kann ech soen, dass Montenegro definitiv eng Rees wäert ass! Eng Woch geet bei wäitem net duer fir alles ze gesi wat dëst Land ze bidden huet. Wann Dir also d’Natur an d‘Alstied genee esou gär hutt wéi ech, da lount sech eng Rees an de Montenegro op alle Fall! Dëst Land soll, bei enger Rees duerch Europa, definitiv mat op Ärer Bucket Lëscht stoen.

Wou lount et sech ze bleiwen?
Mir haten eis fir eng Woch en Appartement zu Budva, no bei der Alstad an dem Strand, gebucht, vu wou aus mir déi kommend Deeg Entdeckungstoure mam Auto gemaach hunn. Och wa Podgorica usech de bessere Choix fir Dagesausflich ass, huet mir d’Stad net gefall an ech war frou dass mir eppes zu Budva gebucht haten. Hei war et och Owes relativ einfach e gudde Restaurant ze fannen, sou dass een net laang hin an hier huet misse lafen.
D’Stad läit beim Mier, mee hei muss ech awer direkt soen, dass d’Stränn am Montenegro mir perséinlech net immens gefall hunn– déi meescht hu kee Sandstrand, si relativ kleng an d’Gebaier ronderëm si vill ze no un d’Mier gebaut. Trotzdeem ginn et schéi Strandpromenadë wou een Owes flott spadséiere ka goe – eppes wat mir bal all Owend gemaach hunn.

De Montenegro a seng Alstied
Mir hunn d’Alstied vu Budva, Kotor, Herceg Novi a Stari Bar besicht – all des Stied sinn op hier eegen Aart a Weis schéin.
Zu Budva ass en Deel vum „Pippi Langstrumpf im Taka-Tuka-Land“ gedréint ginn a wann een d’Alstad verléisst, da fënnt een e Wanderwee mat enger „Dänzerin“, eng Statue déi mech bëssen un „die kleine Meerjungfrau“ zu Kopenhagen erënnert. An der Alstad zu Budva fënnt een eng ganz Rei Geschäfter wou ee Souvenire ka kafen a Restaurante wou een Owes de Bléck op d’Alstad genéisse kann.
Herceg Novi huet de klengsten historeschen Zentrum ze bidden an och wann een do net esou vill maache kann, sollt een des Platz net verpassen. Ech hat de Flair vun der Alstad an de Spadséiergang laanscht d’Strandpomenad an dëser gemittlecher, klenger Uertschaft extrem gär.

Tipp: Fir Zäit ze spueren, hunn mir d’Kamenary-Lapetane Fär geholl fir vu Budva op Herceg Novi ze fueren. Esou hate mir genuch Zäit fir um Réckwee iwwert d’Panoramastrooss ze fueren. Och wann de Wee relativ laang ass, sollt Dir op kee Fall den onvergläichbaren Ausbléck verpassen. 

Op eisem Wee op Kotor hu mir e klenge Stopp zu Perast gemaach – eng „Uertschaft“ mat just enger Strooss. Mee des Strooss huet de schéinsten Ausbléck ze bidden an Dir kennt Souvenire kafen (wei zB. den exzellente Granatapelwäin). Mir haten och d’Méiglechkeet mam Boot op d’Insele „St. George” an “Our Lady of the Rocks” ze fueren, mee well dat extrem touristesch war, hunn mir eis dogéint entscheet.

D‘Alstad vu Kotor ass déi gréisste vun den Alstied am Land an ass Deel vum „UNESCO Weltkulturierwen“. Ech roden Iech hei un: plangt net alles am viraus, spadséiert einfach duerch déi kleng Stroossen, entdeckt op all Eck eppes Neies, kuckt Iech d’Butteker un, maacht eng Paus an engem vun de ville Caféen oder Restauranten… genéisst d’Atmosphär. Um Gipfel vum Bierg befënnt sech d’Festung vu Kotor – leider ware mir net bis erop, mee ech si sécher, dass Dir eng wonnerschéi Vue iwwert d’Alstad an d’Bucht vu Kotor hutt.

D’Alstad vu Bar ass ganz anescht wei déi aner Alstied. Se befënnt sech ongeféier 4km vum Zentrum vu Bar ewech. Wei mir ukomm sinn, hu mir als éischt d'Ruinestad besicht – a schonn nees hate mir e wonnerschéinen Ausbléck. Op der enger Säit hat een d’Bierger an op der anerer Säit d’Stad mam Mier hannendrun. No der Visitt, si mir d’Strooss vun der Alstad erof getrëppelt (dot gutt Schong un, well et ass extrem géi), hunn eis d’Butteker mat lokale Produiten (Hunneg a Wäin) ugekuckt an hunn eng kleng Paus an engem Café gemaach bei engem gudde Granatapel Jus.

Ostrog Klouschter
Ausser den Alstied huet Montenegro nach vill méi ze bidden. Zum Beispill kennt Dir en Dagesausfluch bei d’Ostrog Klouschter maachen. Vu Budva sinn et ca 100km mam Auto, fir déi ee bal 2 Stonne brauch, vu dass d’Strooss zum Schluss extrem enk an net breet genuch ass, fir dass zwee Autoe laanscht enee kommen. Dir sollt also op kee Fall Angscht hu fir op esou enger Strooss ze fueren, ech hunn mengem Papp d’Steier léiwer iwwerlooss. Wann ee bis ukënnt, ginn et zwee verschidde Parkingen. Deen noosten ass fir Famillje mat Kanner oder fir Leit mat enger Behënnerung. Mee och wann een op dem Parking méi weit ewech steet, brauch een awer nëmmen 10-15 Minutte fir bis bei d’Klouschter erop ze trëppelen.

Vun dem ënneschte Klouschter hate mir eng gutt Vue (well et net ze wollekeg war) op dat ieweschte Klouschter. Et war faszinant, well d’Klouschter ausgesäit wei wann et nach ëmmer en Deel vum Bierg gewiescht wier. Wei mir bis uewen ukomm sinn, misste mir eis ustelle fir d’Klouschter ze visitéieren. Am Summer sollt een hei also mat enger laanger Waardeschlaang rechnen, mee Enn September war et relativ roueg. D’Klouschter ass eng Serbesch Orthodox Kierch an eng beléift Pilgerfaart am Land. D’Klouschter war net esou grouss wei ech gemengt hat mee et ass zimmlech opreegend wann ee bedenkt dass och haut nach ëmmer Leit do wunnen.

Sveti Stefan
E ganz berüümten a bekannten Deel am Montenegro ass de Sveti Stefan. Am Moment befënnt sech en deieren Hotel op der Insel a wann ee kee Gaascht vum Hotel ass, dierf een och net do eran.
Am beschte kuckt een sech dat ganzt vun uewe vun der Haaptstrooss un. De lëschtegen Deel vun eiser Visitt hei huet sech an engem Café zougedroen. Et huet domat ugefaangen dass de Serveur eis gefrot huet vu wou mir géife kommen. Wei ech em sot dass mir aus Lëtzebuerg kommen, huet hie gemengt dass e Lëtzebuerg kennt. Ech war mir sécher dass en dat vun all Land géif behaapten, och déi vun deenen en nach ni héieren huet – dat ass zumindest meng Erfarung wann ech Lëtzebuerg an anere Länner erwäänt hunn. Mee hien huet mir de Géigendeel bewisen. Opgrond vu Fussballmatcher huet e souguer e puer Nimm vu Stied kannt an e konnt souguer e puer Fakten iwwert eist klengt Land nennen. Et war zimmlech cool, op enger Platz wou een sech dat net erwaart hätt, esou vill iwwert eist Heemechtsland ze héieren. Ofgesi vum Sveti Stefan, gëtt et op dëser Platz soss näischt ze kucken.

Liest d'Suite vum Artikel um Rosport Life a fannt eraus wat dem Tanja seng Liblingsplaz a Montenegro ass a wat him guer net gefall huet.

https://rosportlife.com/2020/01/07/entdeckt-dscheinheet-vu-montenegro/