D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Wat d"Rolling Stones" fir England, dat si Cool Feet fir Lëtzebuerg, och wann d'Musek éischter un déi vu Status Quo erënnert. Zanter 1968 gëtt et si offiziell, an 1980 koum och de Rom Bernard bei d'Band, mat der Konsequenz, dass op Lëtzebuergesch weidergesonge gouf.

Awer firwat heescht de Rom, Rom, wat huet hie mam Udo Jürgens, Rüdiger Hoffmann, Bayern München an dem Michael Jackson ze dinn? A wéi eng Roll spillt de Fernet-Branca bei hirem groussen Erfolleg? Déi Geheimnisser lëften de Mike Fandel, Raoul Roos, Patrick Kayser an Dan Spogen.

Piano an der RTL City: Erny Delosch

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17:20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.