D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

D'Dan Maas ass d'Direktesch vum Dammentennistournoi op der Kockelscheier an eng richteg "Power-Fra". Ier et e Samschdeg no engem Joer Paus nees lass geet an deen éischte Ball gespillt gëtt, ass et dës Woch Zäit fir Anekdoten. Mir geheien en exklusive Bléck hannert d'Kulissen. Gi gewuer, wéi eng Damme sech dernieft beholl hunn a sécher net méi erëmkommen dierfen.

Am Gespréich mam Dan Spogen, Patrick Kayser, Raoul Roos a Shari Schenten geet awer och rieds iwwer hir Dammen-WG, Schlagermusek a "Macaronis au gratin" a wat een do falsch maache kann.

Um Piano an der RTL City: den Erny Delosch.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17:20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL