D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Zu Ettelbréck huet dem Luc Holtz seng Fussballkarriäre ugefaangen. Schonn als klenge Bouf huet sech alles ronderëm dat ronnt Lieder gedréit an d'Schoul war Niewesaach. De Wonsch, fir Profi ze ginn, huet e fréi misse begruewen, awer um Terrain fillt e sech och als Nationaltrainer richteg wuel.

An der RTL City zielt hien dës Woch dem Dan Spogen, wéi eng international Veräiner bei him ugeklappt hunn, wéi een en Training ouni Bäll ofhält, ob hien en Tattoo huet a wéi hien an der Zäit Vokabele geléiert huet. Mat um Ball d'Shari Schenten, de Raoul Roos a Patrick Kayser.

Um Piano: Erny Delosch

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17:20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL