D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Den Ed Goedert huet Bensinn am Blutt. An dat huet schonn alles ganz fréi ugefaangen. Do, wou anerer nach mam Vëlo gejauft sinn, souz hie schonn hannert dem Steierrad. Op sengem Wee huet den Ettelbrécker vill grouss Nimm kennegeléiert wéi Ross Brown, Flavio Briatore an de fréiere belsche Kinnek Albert, mat deem hien eng perséinlech Frëndschaft verbënnt.

An der RTL City verzielt hien dem Dan Spogen, Patrick Kayser, Raoul Roos a Shari Schenten iwwer säi 60. Gebuertsdag, seng Vollen an der éischter Klass a säin neit Buch "Route(s)", dat am November erauskënnt.

Um Piano: Den Erny Delosch

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17:20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL