D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Lampertsbierg, München a London sinn 3 wichteg Etappen am Christian "Sumo" Pearson sengem Liewen. Am Gespréich mam Dan Spogen gëtt een dës Woch gewuer, firwat dat esou ass. Hie schwätzt iwwer seng Band "Oh No Sapiens" an eng Klasserees, déi him d'Ae fir seng Konscht opgemaach huet. Dem Shari Schenten a Mike Fandel zielt hien awer och, wéi seng Studentenzäit verlaf ass a firwat hien iwwerhaapt op Lëtzebuerg zeréckkomm ass. D'Joer 2012 spillt eng grouss Roll an d'Gebuert vu sengen 3 Kanner, wou och ëmmer berufflech Entscheedungen domadder verbonne waren.

Um Piano am Bistrot de la presse: Erny Delosch

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL