D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Dass de Bob Jungels en Ass um Vëlo ass, weess zu Lëtzebuerg all Kand. Am Bistrot de la presse zielt de Proficycliste vu Rolleng bei Miersch dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten, firwat de Choix op de Vëlo gefall ass an dass hien ëmmer scho Leaderqualitéiten hat - och an der Sandkëscht.

Hien zielt vu senger Frëndin, senge Muppen, dem Nuetsliewen, firwat e sech gär gutt kleet an op hien och eppes ënnert der Renncombinaison undeet.

Um Piano am Bistrot de la presse: Erny Delosch

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL