D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

De Fons Leweck ass a bleift den Held vu Gomel. Mam Dan Spogen, Raoul Roos a Shari Schenten schwätzt de fréiere Fussballist och iwwer Moud, Wäin a Wellness. Hien zielt, wéi alles ugefaangen huet, firwat hien ni Profi ginn ass a beschreift säin schéinsten Dag am Liewen. De Fons verréit awer och, wéi eng wichteg Roll Schëlder, Knupperten, laang Hoer a säi Bopi fir hie gespillt hunn.

Um Piano am Bistrot de la Presse: Erny Delosch

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL