D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Mat senger markanter Stëmm mellt de Paul Hammelmann sech reegelméisseg op eiser Antenne fir eng Carte Blanche an hieft och emol do den Toun. Den Affekot, dee beim Maître Vogel seng éischt Schrëtt op deem Parquet gemaach huet, kennt ee virun allem als President vun der Sécurité Routière an dem Domaine Thermal zu Mondorf.

Am Bistrot de la Presse zielt hien dem Dan Spogen, dem Raoul Roos, dem Mike Fandel an dem Shari Schenten iwwer säin Flugschäin, seng Aarbechtsvisitt a China mam deemolege Premier Juncker, eng Visitt an der Sauna mat der finnescher Staatscheffin, an dass hien d'Leit net um Gesiicht erëmerkennt.

Um Piano am Bistrot de la Presse: Erny Delosch

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL