D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

De Rocksänger Jimmy Martin huet mam Robin Beck a mam Rick Springfield am Duett gesongen. Mam Simone Weis zesummen huet hien 1993 als "Modern Times" Lëtzebuerg beim ESC vertrueden an huet Bekanntschaft mam Freddie Mercury, Meat Loaf an Tina Turner gemaach.

Am Bistrot de la Presse zielt hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten wéi alles ugefaangen huet, wat hien mam Martina Navratilova verbënnt, wéi hien hien de gëllene Schlëssel vun der Bartrenger Gemeng krut an wéi e seng Fra op enger Croisière kenne geléiert huet.

Piano: Erny Delosch

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL