D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

D'Romi Roth ass mat Sécherheet déi bekanntsten Déierendoktesch aus dem Land. Am Bistrot de la Presse zielt si, wéi se derzou koum, sech ëm Klengdéieren ze këmmeren an dass se domadder de Pläng vun hiren Elteren e Stréch duerch d'Rechnung gemaach huet.

Den Dan Spogen, Mike Fandel, Raoul Roos an d'Shari Schenten ginn awer och gewuer, wéi eng Mëssgeschécker hir schonn am Laf vun de Joren an der Praxis mat engem Schéiferhond, Schimpansen a wäissen Tigere geschitt sinn. Et geet ëm e brutale Muerd vun Hamsteren a mir sträifen dem Romi Roth säin Ausfluch an d'Politik a wéi se beim norwegesche Kinnek ze spéit koum.

Um Piano am Bistrot de la Presse: Erny Delosch

RTL

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL