D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

2013 huet de Bauer Guy sech decidéiert, fir mat Hëllef vun "Bauer sucht Frau", d'Fra vum Liewen ze sichen, an d'Vermëttlung vum Inka Bause huet geklappt. 2015 hunn de Bauer vun Alzeng an d'Victoria sech bestuet an hunn zwee Kanner.

Am Bistrot de la Presse beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten ziele si, wéi dat deemools war a wéi si haut als Famill um Haff a mat der Ëffentlechkeet eens ginn. Et gëtt een awer och e puer Lausbouwe-Geschichte gewuer, firwat hie besser Trakter wéi Auto fiert, wat se géint Stress an der Relatioun maachen a firwat hie keng Wëndele wiessele wëll.

Um Piano am Bistrot de la Presse: Erny Delosch

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL