D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

De Carlo Hartmann stellt net nëmmen op der Bün eppes duer. De Bariton deen et scho mat senger Musek ronderëm d'Welt gepackt huet, ass elo och ënner d'Schwëmmer gaangen.

Nieft senger Léift zur Mezzosopranistin Yannchen Hoffmann, mat där hien bestuet ass, spillt hie leidenschaftlech gär Dréiuergel, ass Hobbysteemetzer a well en fäert dass et zu enger Penurie vun alkoholeschem Gedrénks kéim, mécht hien säi Wäi selwer. Am Gespréich mam Dan Spogen, Mike Fandel, Raoul Roos a Shari Schenten geet et natierlech och ëm seng Karriär, gewierzt mat Anekdoten aus der Zäit zu Wien, Shanghai a San Francisco.

Piano: Erny Delosch

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL