D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Als Fils vum Serge Tonnar war den Tun scho virbelaascht fir e kreativen Job ze maachen. Mat 7 Joer huet hie Piano geléiert a spéider Gittar, dobäi huet hien an der Kandheet éischter gemoolt.

Bei sengem Passage am Bistrot de la Presse gëtt een natierlech gewuer, wéi et zum Skandalsong koum, duerch dat hie viru Geriicht komm ass.

Beim Dan Spogen, Mike Fandel, Raoul Roos a Shari Schenten geet et awer och ëm eng Auto-Kupplung déi gefëmmt ass, seng Zäit als Schüler a firwat hien de Moment keng fest Frëndin huet.
Piano: Erny Delosch

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL