D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Am RTL-Afterwork gi mer dës Woch bis an d'Joer 2007 zréck, wou d'Mandy Graff an der zweeter Staffel vun "Germany's next Topmodel" eng excellent 4. Plaz erreecht huet. Vu Kielen op Köln, Los Angeles a Bangkok goung et bannent e puer Wochen. D'Mandy hat et iwwer Nuecht aus 16.000 Kandidatinnen an d'Top 15 vum Heidi Klum gepackt. 15 Joer si vergaangen an dofir hunn den Dan Spogen, Raoul Roos an d'Shari Schenten d'Mandy an de Bistrot de la Presse invitéiert, fir nozehaken, wéi dat deemools war a wat entretemps am Liewe vum Model geschitt ass. Et geet awer och ëm Partyen, Päerd a penibel Momenter. Piano: Erny Delosch

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL